7, an de Leesen
L-5312 Contern
Tél. : +352 621 63 66 61
Email : info@rahna.org
Web : www.rahna.lu
Vor 3 Jahren hörte ich zum ersten Mal, dass es Streetworker hier in Luxemburg gibt. Davor hatte ich öfters eine Fernsehserie über Streetworker im Deutschen Fernsehen verfolgt. In der Serie wurde es sehr deutlich, dass es oft Rückschläge im Leben gibt. Hier in Luxemburg gibt es nun mehrere Streetworker. Mir sind vor allem Liz Huss und Sing-Loon Cheung wohl durch ihren Hund Casak bekannt. Wir haben uns mit ihnen unterhalten.
Den Hond Casak am Streetwork vu Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l.
De Streetworker Sing-Loon Cheung, deen zënter dem 1.7.2007 am Streetwork dobäi ass, an d‘Liz Huss, wat zënter dem 1.1.2008 dobäi ass, ware mat hirem schwaarze Labrador Casak bei eis an der Stëmm vun der Strooss zu Bouneweg ob Besuch.
Liz: Op enger Journée de Reflexion am Streetwork vu Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l. hu mir driwwer geschwat, wéi schwéier et ass Kontakt mat de Jonken op der Strooss opzehuelen. Mir hunn eis gefrot, ob et net méi einfach wir, wa mir en Hond dobäi hätten. Sou ass am Fong déi Iddi entstan. Meng Famill war selwer Famille d‘Accueil vu 4 Hënn, déi ausgebilt gi sinn als Assistenzhënn, an dofir hunn ech Rahna kannt. Meng Mamm war mat am Komitee vu Rahna, an ech wousst, datt si Assistenzhënn fir Leit am Rollstull an och fir Associatioune finanzéieren. Mir hunn eng kleng Lettre de motivation misse schreiwen, datt mir sou e Projet wéilte staarten, a vun hinnen ënnerstëtzt wéilte ginn. Si waren direkt begeeschtert a frou. Sou ass dat am Fong alles ugaangen. De ganze Projet ass du weider bei Handi‘ Chiens a Frankräich gaangen, mat deene Rahna enk zesummeschafft, a schlussendlech hu mir sou onse Casak kritt.
Sing-Loon: Mir fänken eisen Dag sou géint 10 Auer moies am Büro un. Da maache mir administrativ Aarbecht an dono gi mir op den Tour. Mam Casak gi mir eis Quartieren oftrëppelen, wou mir präsent sinn. Mir sinn an de Quartiere Pafendall, Clausen, Gronn, Neiduerf an op der Gare täteg a maachen och Touren zesummen an der Uewerstad. Deemno wou eppes lass ass, probéiere mer och do en Tour ze maachen. Mir schwätzen e bësse mat de Leit, datt si eis kenne léieren a Vertrauen opbauen. Mir bidden och Aktivitéiten un, a kënnen si informéieren, orientéieren a begleeden. Wann si eis besser kennen, kommen d‘Leit och mat Problemer oder Demanden op eis duer.
Ech mengen, do kënne mir allen zwee jo soen. Mir hunn e Bilan gezunn no den éischten 8 Méint, wou mir de Casak agesat hunn. Mir gesinn, datt et a villen Deeler vill méi einfach ass. Mir haten de Projet gemaach, fir de Kontakt zu deene Jonke méi einfach ze maachen, an do gesi mir all Dag op eiser Aarbecht, datt et effektiv vill méi einfach ginn ass. D‘Leit, déi erkennen eis an den Hond: «O, do kënnt ee mat engem Hond, wat ass dee sou schéin! Wat ass dee sou léif!“ Wann een onse Clienten nolauschtert, ass hien dee schéinsten Hond op der ganzer Gare;) Kontakt huele geet elo vun deenen zwou Säiten aus. Soss si mir ëmmer bei si gaangen, hu Moie gesot an ons virgestallt. Mëttlerweil komme mir op d‘Gare, oder an d‘Faubourgen, an déi Jonk, déi do stinn, kommen op eis zou a froen: «O, wat e schéinen Hond, wéi heescht en dann? Dierf ech en heemelen?» Sou komme mir a Kontakt. Dann erzielen si ganz oft, datt si selwer Hënn hunn doheem an dann ass d‘Gespréich amgaang. D‘Gespréich huet am Fong ugefaangen, ouni datt si mierken, datt mir dohi komm sinn, extra fir mat hinne Kontakt opzehuelen an ouni datt si iwwerhaapt gemierkt hunn, datt mir Streetworker sinn.
Liz: De Casak huet d‘Ausbildung als Assistenzhond vun Handi‘ Chiens matgemaach, déi am ganzen 2 Joer dauert. Hien hätt domadder och kéinte bei ee behënnerte Mënsch kommen. Mir hunn och missten een extra Training maachen, fir de Casak ze kréien. Hien huet also eng extra Ausbildung gemat a mir hu misse léieren, wéi ee mat esou engem Hond ëmgeet.
De Casak ass keen Hond, deen zu jidderengem Kontakt ophëlt. Hien ass e ganz léiwen a rouegen Hond. Dat mierkt dir, well hie läit hei scho roueg ënnert dem Dësch ze schlofen. Hien ass immens ausgeglach. Hien ass gewinnt iwwerall matgeholl ze ginn. Hien ass awer keen, dee bei jiddereen zitt oder wëll ugepak ginn. Dat ass un sech flott, well dat huet och net all Mënsch gär. Hien huet awer näischt dogéint, wann d‘Leit bei hie kommen, sech bei hien op d‘Knéie setzen an hien heemelen. Heiansdo geet et schonn duer, datt hien an eng gewësse Richtung kuckt, da kommen déi Jonk schonn op eis duer.
D’Aarbecht u sech fält eis e bësse méi einfach. Eis Arbecht hänkt immens vill u Kontakter, an och u Kontakter opbauen, an duerch de Casak ass dat vill méi einfach ginn. Mir hunn elo besseren an och heefege Kontakt mat de Leit. Oft gi mir gefrot, firwat ass den Hond iwwerhaapt do? Ass en och do fir iech ze beschützen? Hien huet keng Ausbildung gemat, fir eis ze beschützen. Hien ass keen deen d‘Leit géing aggresséieren oder ugräifen, dat kéint hie guer net maachen. Alleng well mir een Honn dobäi hunn, e groussen Hond, an duerch Zoufall och nach ee schwaarzen, hunn d‘Leit schonn e bësse Respekt virun eis. Alleng d‘Präsenz vum Hond géif scho verschidde Leit dovun ofhalen. Mir sinn awer nach ni ugegraff ginn.
Liz: Als Aarbechtskolleg op alle Fall, well hien ass all Dag op der Aarbecht dobäi. Hien huet och an all Büro, dee mir hunn säin eegenen Eck mat enger Decken a senge Schosselen. Als Frënd natierlech och. Wann ee mat Déiere frou ass, dann ass dat Déier och e Frënd. Virun allem de Casak wunnt bei mir, dat heescht, ech hunn hien net nëmmen op der Aarbecht mä och de Weekend. Mir gi spadséieren, wéi all aneren Hond och. Leschte Mount do ware mir op d‘Kockelscheier, an do war hie schwammen, wéi all aneren Hond och.
Sing-Loon: Jo, fir mech och. Ech hunn en zwar net sou oft bei mir doheem, awer schonn e puermol. De Casak mierkt och wéini Schaffzäit a wéini Fräizäit ass. Dofir ass hien op der Aarbecht en Aarbechtskolleg, an duerno ass hien e Frënd vun eis.
Offiziell gehéiert de Casak nach ëmmer Handi‘ Chiens. Mir kruten hien zur Verfügung gestallt, soulaang mir am soziale Beräich schaffen. Soulaang mir de Casak kënnen asetzen an et him gutt geet, sou laang duerfe mir hien halen.
Et sinn effektiv vill aggressiv Leit op der Strooss. Mir gesinn och alt mol Aggressiounen zwëschen de Leit, déi wenden sech awer ni géint eis. Mir sinn dovun éischter indirekt betraff. Mir gi mam Hond op d’Leit duer a mir mierke schonn, wéi si eis kucken oder wéi si op eis reagéieren, ob si Loscht hu mat eis ze schwätzen oder net. Wa mir do scho mierken, deen huet keng Loscht, do entsteet kee Gespréich, da gi mir weider. Wa mir Aggressioune matkréien, dann ass dat éischter ënnert hinne selwer, awer net géint eis geriicht. Do reagéiert de Casak net aggressiv drop. Hie bleift roueg. Hie gëtt éischter nach méi roueg.
Sing-Loon: Do hu mir der eng ganz Rei. Op engem Tour op der Gare, do ware mir mam Casak. Do hat ee wierklech physesch Problemer mat senger Hand. Hie wollt awer onbedéngt mam Casak e klengen Tour maachen, nëmme 5 Meter oder sou. Hien huet sech awer net richteg getraut. Wou mir him do gesot hunn, datt de Casak net géing zéien, ass en awer du mat ëm gaangen. Hien huet mat senger schwaacher Hand d‘Léngt geholl, huet säin Tour gemat, ass zeréckkomm, an dat huet geklappt. Dee war esou frou, datt hie konnt mam Hond trëppelen, ouni datt de Casak gezunn huet. Et ass ëmmer schéin, wa mir een den Hond huele loossen.
Liz: Ech hunn och eng Situatioun, wou mir am Wanter mat enger Trupp Jonker op Tréier gefuer sinn, op de Chrëschtmaart. Mir haten eis op der Gare getraff, dat heescht, de Casak war do schonn de Star iwwerhaapt. All Jonke wollt hien op eemol an d‘Léngt huelen. Mir sinn an den Zuch gaangen, du huet hien sech op hinnen hir Féiss geluet, well hien sech gären op Féiss leet, fir ze schlofen. Doduerch gëtt all Jonke méi douce a léif. Mir sinn duerch Tréier getrëppelt an et waren zwee Jonker dobäi, déi e bësse méi rau optrieden. Déi hunn och gefrot, ob si hien an d‘Léngt kënnen huelen. Si trëppelen, déi Jonk riicht a mat stolzer Haltung, de Casak lues, ouni ze zéien. Mir hunn den Androck, déi wuessen ëm zwee Zentimeter an deem Moment.
Mir wëssen net wéi vill et der am ganze Land ginn. Mir an der Stat Lëtzebuerg sinn zu 8, oder besser gesot zu 9 mam Casak.
Villmools Merci fir d’Gespréich!