
7, an de Leesen
L-5312 Contern
Tél. : +352 621 63 66 61
Email : info@rahna.org
Web : www.rahna.lu
D'Sandra huet am Summer eng Demande bei Rahna gemacht, fir en Assistenzhond ze kréien. Wéi et dozou koum, a wat säithier geschitt ass, huet hatt eis an desem Témoignage geschriwen.
Update-Info "aus der Redaktioun": D'Sandra huet séng Waardezäit iwerstanen, an huet d'Chance schon desen 1. Dezember bei Handi'Chiens an di 2 Woche Stage ze goen, während denen hatt séch e Mupp kann eraussichen, zesumme mat den Educateuren, an dann alles wäert léiere, wat ee muss wëssen, fir mat séngem Mupp doheem eens ze ginn.
Mir wäerten op deser Plaz och updaten, wa mer di éischt Informatiounen aus dem Stage kréien, a besonnesch, wa mer da wësse wéi e Muppes bei d'Sandra kënnt :-)
(geschriwe vum Sandra)
Et war Samstes den 11ten Mee, ech war an der Stadt um Stand vun eiser Associatioun ALPADOC fir den Daag vun der Sensibiliséierung an Informatioun zum Thema Mënsche mat enger Behënnerung. Wie Mettes Rahna eng Virféierung op der Place d'Arme gemeet hunn mat hiren Assistenzhënn fir de Léit ze weisen wat des groussaarteg Déieren alles fir hir Meeschtere kenne maachen. Ech hat zwar scho vun den Hënn héieren awer bis zu deem Dag hat ech awer nach ni gesi wat fir eng super Hëllef een Assistenzhond ka sinn. Wie den Zoufall et wollt, ass eng Dame vu Rahna bei eise Stand komm a mir sinn an d'Gespréich komm. Ech war der Meenung meng Behënnerung wär net schlëmm genug well ech nëmmen fir laang Strecken oder wann ech laang op enger Plaz muss stoen odersetzen de Rollstull brauch. D'Madame huet mir dunn awer erklärt, dass dat wierklech keng Roll géif spillen.
Ech war dunn Owes doheem an hun mir alles nach emol duerch de Kapp goe gelooss. Mir den Internet Site vu Rahna a Handi'Chiens ugekuckt an sinn zum Entschloss komm, dass een Assistenzhond genau déi Ënnerstëtzung wär déi ech brauch an dat esou wuel um moraleschen Aspekt, wie och wat die physesch Hëllef betrëfft. Also hunn ech mech hannert de PC geklemmt an eng Demande fir een Assistenzhond un Rahnagemailt. Dat war den 12ten Mee. Meng E-Mail gouf direkt vu de Leit vun Rahna beäntwert. Kuerz drop hunn ech dunn Rendez-vous mat de Leit vun Rahna bei mir Doheem kritt. Dat war fir den 21ten Mee, genau fir mäin Geburtsdag :-)) Ech war schrecklech nervös wou si komm sinn. D'Madame vum Stand vum 1.. Mee war dobei mat hirem Assistenzhond a nach eng Madame a een Här. Si hu mir, mengem Mann an eisem Meedchen, esou wie och mengen Elteren alles genau erklärt an eis Froen beäntwert. Wou si fort waren hunn ech just nach op mengem Mann seng Äntwert gewaart, well hien am Ufank net ganz iwwerzeegt war fir en Hond ze kréien, an dat well hie gefaart huet et géif nach zousätzlech Aarbecht op hien zoukommen. Mee d'Leit vu Rahna konnten hien do berouegen.
Esou elo war alles an der Reih, meng Demande konnt un Handi'Chiens eraus goen. Warden op ee Gespréich mat Handi'Chiens huet elo ugefangen. Ech hunn matgedeelt kritt, dass dat kinnt daueren, well déi Léit net fir all eenzel Demande vun Alençon op Lëtzebuerg kënnen kommen.
Den 11ten Juni huet Rahna mir ugeruff an dat mat enger genialer Nooricht. D'Madame Sophie vun Handi'Chiens wär den 26ten Juni zu Lëtzebuerg an géif sech Zäit fir mech huelen. Eng Chance, dass dat esou seier geklappt huet mam Rendez-vous fir mech.
Den 26ten war endlech do, ech hat de Rendez-vous zu Eschduerf am Scouten Home, wat fir mech eng Weltrees bedeit huet. Am normalen fueren ech net méi wäit ewéi bis an Stadt, an zwar well ech dat kirperlech net gudd packen. Mee fir deen wichtegen Dag hunn ech mech stark um Rimm gerappt a mech mat Zäiten op de Wee gemeet. Ech hunn zwar ënnerwee eng Paus missten maachen, mee egal fir esou ee wichtege Rendez-vous mëcht een einfach alles. Ech war esou eppes vun opgedréint, hat ganz Nuet net geschloof. Du war et endlëch esou wäit, mir waren ukomm an den Entretien mat der Directrice vun Alençon ass ugaangen. Et as ganz positiv verlaf. An scho während dem Gespréich ass kloer ginn, dass ech an de Stage däerf fueren. Elo bleift Fro op ech ganz ganz vill Gléck hunn a schon am Dezember Hënn dobäi sinn déi fir mech a Fro kënne komme an ech schon an de Stage kinnt goen. Wann dat net de Fall as wärt et ereischt am Juni 2014 an de Stage goen. Ech sinn esou opgereegt a voller Virfreed op de Muppes.
Ech ka mir einfach net virstelle wie eich déi Zäit bis Dezember geschweige dann bis Juni 2014 soll packen. Ech hunn esou guer schon ugefaangen mir Accessoirë fir de Muppes zou ze leeën. Hunn e Kuerf an eng Spillsaach misste kafen einfach aus Freed op mäin Assistenzhond. Ech hoffen et klappt, well och wann ech an de Stage ka goen, ass trotzdem nach net 100% sécher dass ech iwwerhaapt een Hond mat Heem kréien. Well et muss een am Stage beweisen, dass een och wierklech mat
engem Hond eenz gëtt. Ech hunn do zwar an sech net vill Angscht virdru well ech jo schon een Hond hat.
Oh mäi Gott, ech weess dass et plus minus Oktober gëtt bis, dass ech Bescheed kann kréien op ech an de Stage am Dezember ka goen. Mee trotzdem hoffen an warden ech elo schonn all Dag drop, dass ech eng Mail oder een Telefon kréien, op ech nach dëst Joer dobäi sinn. Ech hunn Gefill déi Wardezäit get bal esou schwéier a laang wie déi 9 Meint waarden op d'Gebuert vu mengem Meedchen virun 12 Joer.
Esou bal ech eppes Neies weess, halen ech Iech um lafenden.